About Piratepartei

D'Piratepartei Lëtzebuerg setzt sech säit der Grënnung am Oktober 2009 fir Biergerrechter an, e verbesserten Dateschutz a méi Privatsphäre fir Privatpersounen. Mir fuerdere méi Transparenz vum Staat, fräien Zougang zu Informatiounen a Bildung. Doriwwer raus fuerdere mer eng grondleeënd Reform vum Urheberrecht a Patentwiesen. Als Verfechter vum selbstbestëmmte Liewen setzen sech d'Piraten och fir d'Recht op sozial Participatioun, fir d'Chancegläichheet vun alle Mënschen a fir eng Neutralitéit vum Staat géigeniwwer de Glawengemeinschaften an.


Als Member vun enger internationaler Beweegung hellt d'Piratepartei Lëtzebuerg aktiv un internationale Konferenzen an Aktiounen deel.


Grondleeënd Prinzip ass d'Basisdemokratie, déi all Member et erlaabt aktiv d'Zukunft vun der Partei mat ze bestëmmen.


Zanter de Walen vum 14. Oktober 2018 sinn d'PIRATEN mat 2 Députéiert um Krautmaart vertrueden.

Current openings

No open jobs at this moment